Olympesch Summerspiller 1980
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Spiller vun der XXII. Olympiad | |
|---|---|
| Olympesch Summerspiller | |
|
| |
| Maskottchen | Mischa |
| Land | Sowjetunioun |
| Stad | Moskau |
| Ufanksdatum | 19. Juli 1980 |
| Schlussdatum | 3. August 1980 |
| opgemaach vum/vun der | Leonid Iljitsch Brejnew |
| Olympeschen Eed | Nikolai Andrianov, Alexander Medwed |
| Olympesch Fakel | Sergei Below |
| Kompetitiounen | 203 an 21 Sportaarten |
| Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1976 |
| Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1984 |
| Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/moscow-1980 |
|
| |
D'Olympesch Summerspiller 1980, offiziell Spiller vun der XXII. Olympiad, goufe vum 19. Juli bis den 3. August 1980 zu Moskau an der Sowjetunioun (haut: Russland) organiséiert.
Den Aleksandr Dityatin aus Russland huet bei all Kompetitioun am Turnen eng Medail gewonnen a gouf domat den éischten Athleet, dee bei Olympesche Spiller aacht Medaile gewonnen huet.
42 Staaten hunn d'Spiller wéinst dem Amarsch vu sowjeteschen Truppen an Afghanistan am Dezember 1979 boykottéiert, e Boykott deen als en Deel vun engem Pak vun Aktioune vum US-President Jimmy Carter initiéiert gi war.
Aner 24 Staaten hunn aus finanziellen oder sportleche Grënn op eng Participatioun verzicht oder d'Invitatioun net ugeholl.
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hu just 80 Natiounen un de Spiller deelgeholl, déi niddregst Zuel zënter 1956. Am Ganzen hu 5.179 Olympioniken (1.115 Fraen a 4.064 Männer) bei 203 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.
Wéinst dem Boykott ware fir déi éischt olympesch Damme-Kompetitiounen am Feldhockey just Participanten aus der Sowjetunioun ugemellt; Holland, Däitschland, England, Neiséiland an d'USA haten ofgesot. Quasi a leschter Minutt huet ë. a. Simbabwe d'Invitatioun nach ugeholl a Spillerinnen op Moskau geschéckt. Iwwerraschenderweis huet d'simbabwesch Ekipp d'Goldmedail gewonnen.
Am Rudderen (Zweeër ouni Steiermann) gouf d'Gold- wéi och d'Sëlwermedail vun enger Koppel eeneeëgen Zwillinge gewonnen: de Bernd an de Jorg Landvoigt aus Ostdäitschland koumen op déi éischt, de Yuri an den Nikolai Pimenov aus Russland op déi zweet Plaz.
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg war zu Moskau mat 3 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 15. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participantë pro Sportaart
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Olympesch Summerspiller 1980 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1980 op:
