Mitra

Eng Mitra (vu gr. μιτρα - "Stierbändchen") ass eng traditionell Kappbedeckung vu chrëschtleche Bëscheef an Äbt. Se gehéiert zu de sougenannte Pontifikalien.
D'Form vun der Mitra huet am Laf vun der Zäit evoluéiert: aus enger keegelfërmeger Mutz ass eng Mutz mat zwee Schëlter (cornua) entstanen déi ugangs riets a lénks gedroe goufen an duerno vir an hannen. Déi selwecht Form wéi hautdesdaags huet d'Mitra zanter dem 11. Joerhonnert, an der Kierch (ausser der Orthodoxie). D'bannescht Fudder ass ëmmer nach gradewéi dat vun enger Mutz. Vir an hanne gëtt dat vu méi festem Stoff ëmfaasst, deen no uewe spatz zouleeft. Hannen hänken zwee Bännercher, déi sougenannt Infuln, bis an den éischten Drëttel vum Réck erof.
An der orthodoxer Kierch ass eng Mitra eng héich bombéiert Mutz un där hannen e Stéck Stoff erofhänkt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Kathoulesch Bëscheef mat Mitra wärend dem Zweete Vatikanesche Konzil.
- D'Mitra vun engem anglikanesche Bëschof.
- Eng russesch-orthodox Mitra aus dem Joer 1650.
- Dem Kleesche seng Mitra.
- E bulgaresch-orthodoxe Patriarch mat gëllener Mitra.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mitres – Biller, Videoen oder Audiodateien |