Op den Inhalt sprangen

Helm

Vu Wikipedia
E Schutzhelm, wéi en an der Industrie gebraucht gëtt.

En Helm, Kask oder Casque ass eng stabil Kappbedeckung, déi gedroe gëtt fir de Kapp ze schützen. Et ass en Deel vum Schutzgezei oder enger Uniform. Bei verschiddenen Aktivitéiten, zum Beispill beim Motorradfueren, ass den Helm obligatoresch.

E gouf ursprénglech nëmmen am militäresche Beräich benotzt a leescht haut och am ziville Beräich e Bäitrag zum Schutz viru Kappverletzungen. Fréier war e Kask aus Lieder, Koffer, Bronze, Eisen oder Stol, oder och aus verstäerkten Textilien oder esouguer aus Gold. Haut sinn Helmer an der Reegel aus Plastik, dee mat widderstandsfäege Faseren, zum Beispill Aramide ("Kevlar") verstäerkt ass.

En Helm kann nieft dem Schutz och der Representatioun déngen.

Bei de Pompjeeën an den Astronauten ass den Helm e wichtegen Deel vun hirer Uniform. Och Bauaarbechter an aner Leit, déi op engem Chantier schaffen, mussen e Sécherheetshelm unhunn, dee si virun Elementer schützt, déi kéinten eroffalen. Bei den Zaldoten déngt den Helm net primär zum Schutz viru Projektiller, well d'Duerchschlagskraaft vun engem übleche Gewierkaliber ze grouss ass, mee als Schutz viru Géigestänn, déi kéinte ronderëmfléien, wéi zum Beispill Splitter, Querschléier oder Pistoulemunitioun.

Och bei ville Sportaarten zielt de Kask zur Standardausrüstung, dorënner beim Reitsport, dem Äishockey, dem Vëlossport a bei Autoscourssen.

 Commons: Helmen – Biller, Videoen oder Audiodateien