Op den Inhalt sprangen

Gemeng Wuermer

Vu Wikipedia
Gemeng Wuermer
d'Wuermer Märei (2014)
Aussprooch

An anere Sproochen fr: Wormeldange
de: Wormeldingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Gréiwemaacher
Buergermeeschter Claude Pundel
Awunner 3.249
  1. Januar 2026
Fläch 1.725 ha
Héicht 140 m
Koordinaten 49° 36’ 43’’ N
      06° 24’ 22’’ O
LAU-Code LU1108
Websäit https://wormeldange.lu/
D'Gemeng Wuermer (orange) am Kanton Gréiwemaacher (rout)
Bléck vun der Këppchen aus op Wuermer

D'Gemeng Wuermer, och nach Gemeng Wuermeldeng, op Miseler Gemeen Wormer, ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. D'Haaptuertschaft ass Wuermer vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng, déi sech den Numm Rieslingsgemeen gëtt, huet 3.249 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Wuermer läit op der Musel am Oste vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 140 an 340 m (NG-L). Mat zirka 11 Kilometer Uferlängt vun der Hëttermillen bis op d'Deisermillen an 369 ha Wéngerten huet Wuermer déi gréisst Wäibaufläch am Land.

Zu Éine lafen d'Gouschtenger Baach an d'Lennenger Baach zesummen an dann an d'Musel. Zu Wuermer leeft d'Albaach an zu Ohn d'Donwer Baach an d'Musel.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Gréiwemaacher Wandrous
Fluessweiler N (D)
W    Wuermer    O
S
Lenneng Stadbriedemes

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wuermer ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

1823 gouf déi fréier Gemeng Meechtem opgeléist an an d'Gemeng Wuermer integréiert[3].

Eng Fusioun tëscht de Gemenge Lenneng, Fluessweiler a Wuermer, déi den Inneminister Jos Wohlfart 1977 proposéiert hat, ass vu kenger Gemeng ugeholl ginn, well kee Virdeeler dora gesinn hätt[4].

Beschreiwung am Originaltext[5]:

Parti d'or et de sinople à deux pampres fruités, feuillés et vrillés de l'un en l'autre; à la clef de gueules, le panneton en haut à senestre, brochant en pal sur la partition
D.C. 29. Mäerz 1985A.M. 7. Mee 1986 – Mémorial B 1986, Säit 575 – Projet: Marcel Lenertz 1985

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer180021002400270030003300180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Wuermer war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

JoerÄE*Zes.*
202365

* ÄE: Är Equipe fir d'Wormer Gemeen; Zes. : Zesummen, fir is Gemeen.
Quell: rtl.lu, Inneministère.

Buergermeeschteren[6]

[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Gemeng Meechtem

[änneren | Quelltext änneren]
  • bis Mee 1820: Dominique Weydert
  • Mee 1820 – Sept. 1823: Pierre Apel

De Pierre Apel ass am Oktober 1823, wéi Meechtem eng Sektioun vun der Gemeng Wuermer gouf, den zweete Schäffe ginn

Gemeng Wuermer

[änneren | Quelltext änneren]
  • ....
  • bis 1823: Joseph Heynen, Éinen
    • bis 1823: Michel Eischen (maire-adjoint)
  • Okt. 1823 – Okt. 1830: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1830 – 1836: Theodor Eichhorn, Wuermer
  • 1836 – 1839: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
  • Aug. 1839 – Abr. 1842: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1842 – 1848: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
  • 1848 – 1854: Jean Wurth, Wuermer
  • 1854 – Jan. 1855: Mathias Wawer, Éinen
  • Mäerz 1855 – Dez. 1861: Egidius Gindt, Wuermer
  • Jan. 1862 – Dez. 1863: Michel Fohl, Éinen
  • Mäerz 1864 – 1866: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1867: Albert Wawer, Éinen
  • 1867 – 1878: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1878 – 1879: Heinrich Ley, Ohn
  • 1879 – 1884: Gustav Eichhorn, Wuermer
  • Feb. 1885 – Jan. 1898: Pierre Pundel, Uewerwuermer
  • Juni 1898 – Feb. 1906: Nicolas Pundel, Wuermer
  • 1906: Pierre Kass, Éinen
  • Okt. 1906 – Juli 1911: Dr. Leo Pundel, Wuermer
  • Jan. 1912 – Dez. 1917: Johann Becker, Éinen
  • Jan. 1918 – Dez. 1920: Dr. Franz Wurth, Wuermer
  • 1921: Nicolas Steichen, Meechtem
  • Jan. 1921 – 1933: Pierre May, Éinen
  • 1934: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1935 – 1941: Pierre Berna, Ohn
  • 1946 – 1963: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1964 – 1974: Aly Duhr, Ohn
  • 1974 – 1993: Joseph Pundel, Wuermer
  • 1994 – 1999: Carlo Wagner, Wuermer
  • 1999: Jeannot Frantz, Wuermer
  • 2000 – 2008: Ernest Demuth
  • 2008 – 2017: Jean Beining
  • 2017 – 2020: Max Hengel (CSV)
  • 2020 – 2023: Mathis Ast (DP)
  • 2023 – 2024: Max Hengel (CSV)
  • zanter 2024: Claude Pundel[7]

Verkéiersubannung

[änneren | Quelltext änneren]

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'N10, déi och als Wäistrooss bekannt ass. Se leeft parallel laanscht d'Musel duerch déi ganz Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 122, 122A, 122B, 122C, 134, 142, 143, 144, 146 an 146A duerch d'Gemeng.

D'Wuermerer Bréck ass eng vun de fënnef Brécken iwwer de lëtzebuergeschen Deel vun der Musel, déi d'Gemeng mat der däitscher Uertschaft Wëncher (Wincheringen) verbënnt.

D'Gemeng Wuermer bedreift zesumme mat der Gemeng Fluessweiler eng Regionalschoul mat Sportzentrum zu Dräibuer. Eng Annexe vun der Schoul ass zu Nidderdonwen.

Wuermer ass jumeléiert mat der portugisescher Gemeng Mortágua.

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Wuermer

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wuermer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

 Commons: Gemeng Wuermer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  3. Abgrenzungsprotokoll der Gemeinde Machtum]. Sapeurs-pompiers Machtum (Luxembourg). Journée cantonale Machtum. Machtum : Sapeurs-pompiers, [puis] Offset Moselle, 1994, p. 87. [Digitised by the National Library of Luxembourg,. de (29.05.1994). Gekuckt den 13.07.2026.
  4. (de) Wormeldange Flaxweiler Lenningen Keine große Begeisterung!. In: Revue, 33. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg Nr 7, S. 38. (11.02.1977). Gekuckt den 13.07.2026.
  5. Mémorial B – Recueil de législation, 7. Mee 1986, digitaliséiert op Wikimedia Commons: commons:Mémorial B 1986-05-07 Wormeldange.jpg.
  6. Quell: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Wuermer.
  7. "Wuermer: Claude Pundel gëtt neie Buergermeeschter." rtl.lu, 25.09.2024.