Gemeng Koplescht
| Gemeng Koplescht | |
|---|---|
|
| |
|
d'Gemengenhaus vu Koplescht | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Kopstal de: Kopstal |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Capellen |
| Chef-lieu | Koplescht |
| Buergermeeschter | Thierry Schuman |
| Awunner | 4.740 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 7,90 km² |
| Héicht | 261 m |
| Koordinaten |
49° 39’ 51’’ N 6° 4’ 19’’ O |
| LAU-Code | LU0107 |
| Websäit | https://www.kopstal.lu/ |
|
| |
|
D'Gemeng Koplescht (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
D'Gemeng Koplescht ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Koplescht vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Koplescht läit am Kanton Capellen. Si mécht d'Grenz zu Kielen am Norden a Westen, zu Steesel a Walfer am Osten, zu der Stad Lëtzebuerg a Stroossen am Süden. D'Uertschaft Koplescht läit un der Mamer.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Koplescht ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
D'Gemeng ass awer Enn 1823 schonn nees opgeléist an an d'Gemeng Kielen integréiert ginn[Quell?].
Mam Gesetz vum 22. Februar 1853 gouf eng nei Gemeng Koplescht gegrënnt, andeems follgend Deeler vun de Gemenge Kielen a Steesel ofgetrennt goufe fir déi nei Gemeng Koplescht ze bilden: d'Sektioun Koplescht mat den Häff vum Briddel, Kalscheier, Rodenhaff, Steimeshaff, Altenhof, Janshaff et Gipsmillen.[3]
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Koplescht gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | CSV | DP | gréng | ÄE | BL | BfB |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 2 | 4 | 1 | 4 | - | - |
| 2005 | 2 | 3 | 2 | 4 | - | - |
| 2011 | 3 | 3 | 2 | 3 | - | - |
| 2017 | 4 | 3 | - | 4 | - | - |
| 2023 | 4 | 2 | - | 2 | 3 | 0 |
* ÄE: Är Equipe; BL: Biergerlëscht; BfB: Bierger fir Bierger
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1808 – 1822: Martin Weiss[4]
- 1822 – 1823: Guillaume Stolz[5]
- 1823 – ?: ...
- 1853 – ?: Wilibrord Steinmetz[6]
- ...
- 1873 – 1912: Nicolas Goedert[7]
- ? – 1918: Mathias Perrang[8]
- 1918 – ?: Henri Hemes[9]
- 1926 – 1931: Michel Kieffer[10][11]
- 1931 – 1952: Paul Binsfeld[5]
- ...
- 1954 – 1981: Robert Bintener[12]
- 1981 – 1987: Jean Ewen
- 1988 – 2005: Josette Steichen-Rausch
- 2005 – 2010: Guy Linster
- 2010 – 2017: Romain Adam
- 2017 – 2020: Carlo Schmit
- zanter Nov. 2020: Thierry Schuman
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Koplescht ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jacoby, Lex: Das Herz von Kopstal, in: Musek Koplescht-Briddel: 100 Joer: 1904 - 2004. - Kopstal-Bridel: Fanfare ; [2005]. - P. 65-80, ill.
- Hermann Berg (Wilhelm Weis): Briefe eines Hinterwäldlers. (St. Paulus-Druckrei, Luxemburg)
- Koplescht – fréier an hott
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Koplescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
- ↑ (fr) Loi du 22 février 1853, qui érige une nouvelle commune sous le nom de Kopstal. data.legilux.public.lu (22.02.1853). Gekuckt den 11.07.2026.
- ↑ Quell: Koplescht – fréier an hott.
- 1 2 Neue Straßennamen in der Gemeinde Kopstal-Bridel. In: Luxemburger Wort, 124. Jg., n° 360/361 (27.12.1971), p. 4 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 5 août 1853, N°510, portant nomination de deux bourgmestres. am Memorial N°61 vum 18. August 1853
- ↑ Opschrëft op sengem Graf zu Koplescht
- ↑ Avis Mort. 3 Page 2. In: Luxemburger Wort, 1918. Jg., nº 57 (26.02.1918), p. 2 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Avis. — Administration communale. In: Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg = Memorial des Großherzogtums Luxemburg, nº 58 (22.09.1918), p. 1133 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Avis. — Administrations communales. In: Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg = Memorial des Großherzogtums Luxemburg, nº 42 (23.09.1926), p. 782 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Administration communale. In: L'indépendance luxembourgeoise, 61. Jg., nº 149 (29.05.1931), p. 2 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 2012
