Op den Inhalt sprangen

Gemeng Fëschbech

Vu Wikipedia
Gemeng Fëschbech
d'Märei zu Fëschbech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Fischbach
de: Fischbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Buergermeeschter Lucien Brosius
Awunner 1.344
  1. Januar 2026
Fläch 19,61 km²
Héicht 353 m
Koordinaten 49° 44’ 45’’ N
      06° 11’ 10’’ O
LAU-Code LU0404
Websäit https://acfischbach.lu/
D'Gemeng Fëschbech (orange) am Kanton Miersch (rout)

D'Gemeng Fëschbech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Fëschbech vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 1.344 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3]

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Fëschbech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[4]:

De sable à deux poissons adossés d'argent, accompagnés en chef d'une couronne grand-ducale d'or.
D.C. 19. Juli 1983 - A.M. 21. November 1983 - Mémorial B 1983, Säit 1252 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1982.
De Fëschbecher Wope kënnt aus deem vun den Häre vu Fëschbach (de sable à deux poissons adossés d'argent, accompagnés en chef d'une croisette au pied fiché d'or). Dat klengt Kräiz gouf duerch eng Kroun ersat, fir ze weisen datt d'Groussherzoglech Famill do eng Residenz huet.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer200400600800100012001400180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fusiounspläng

[änneren | Quelltext änneren]

Eng méiglech Fusioun tëscht de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech gouf den 9. November 2014 an engem Gemengereferendum refuséiert: Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dogéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %.[6]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Fëschbech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

 Commons: Gemeng Fëschbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
  4. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 105 (fr).
  5. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  6. "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.