Gemeng Bäerdref
| Gemeng Bäerdref | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Bäerdref | |
| Aussprooch |
|
| An anere Sproochen |
fr: Berdorf de: Berdorf |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Iechternach |
| Chef-lieu | Bäerdref |
| Buergermeeschter | Joé Nilles |
| Awunner | 2.293 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 2.192,4446 ha |
| Héicht | 343 m |
| Koordinaten |
49° 49’ 17’’ N 06° 20’ 58’’ O |
| LAU-Code | LU1003 |
| Websäit | https://www.berdorf.lu/ |
|
| |
|
D'Gemeng Bäerdref (orange) am Kanton Iechternach (rout) | |
D'Gemeng Bäerdref (lokal: Bäertref[1][2]) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bäerdref vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[5]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Bäerdref
- Bollenduerfer Bréck
- Grondhaff, déi riets Säit vun der Schwaarzer Iernz
- Kalkesbaach
- Weilerbaach
Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Zu der Gemeng Bäerdref gehéieren och nach déi heiten Häff a Lieu-diten :
Kadastersektiounen
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Bäerdref huet dräi Kadastersektiounen:
- A de Bollendorf-Pont mat 440,7323 ha
- B de Berdorf mat 841,9710 ha
- C de Bois et Fermes mat 909,8333 ha
Mam Zil vun enger administrativer Vereinfachung gouf d'Grenz tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref mam Gesetz vum 27. Juli 2022[6] ugepasst. D'Uertschaft Kalkesbaach déi virdrun um Gebitt vun de zwou Gemeng louch, gehéiert zanterhier ganz zur Gemeng Bäerdref. Duerch den Tosch vun de Parzellen ass d'Fläch vun der Gemeng Bäerdref ëm 9,20 Ar méi grouss ginn.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft Bäerdref läit an der Mëtt vun engem Héichplateau, deen (ausser am Südwesten) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. D'Uertschafte Grondhaff, Bollenduerfer Bréck a Weilerbaach leien (der Flossrichtung no) nordwestlech bis ëstlech dovun am Sauerdall, iwwerdeems Kalkesbaach südlech vu Bäerdref, no bei der Grenz mat der Gemeng Konsdref, läit.
Vum Plateau erof lafen d'Ruelzbech an d'Wanterbaach an d'Schwaarz Iernz, d'Haalsbaach an d'Äsbech an dës an d'Sauer.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Bäerdref ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[7]: D'or à la croix fleurdelisée de gueules accostée en chef de deux béquilles de Saint Antoine du même et accompagné en pointe d'un pont de trois arches de sable mouvant des flancs posé sur une rivière d'azur mouvant de la pointe. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1817 - 1825: Pierre Wagener[8]
- 1825 - 1836: Mathias Speller
- 1837 - 1848: Mathias Stronck
- 1849 - 1858: Theodor Muller
- 1859 - 1860: Christian Hubert
- 1861 - 1872: Michel Muller
- 1873 - 1887: Peter Kinnen
- 1888 - 1896: Jean Schoos
- 1897 - 1914: Theodore Kinnen
- 1915 - 1932: Michel Ries
- 1933 - 1934: Pierre Groff
- 1935 - 1945: Jean Huss[9]
- 1946 - 1951: Mathias Speller
- 1952 - 1975: Theodore Hubert
- 1976 - 1987: René Kartheiser
- 1988 - 2005: Georges Konsbruck
- 2005 - 2017: Ernest Walerius
- zanter 2017: Joe Nilles
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Bäerdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Logo vun der "Gemeng Bäertref"
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
- ↑ Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de 04.09.2022.
- ↑ Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 37 (fr).
- ↑ Bis 1934: Bäertrëffer Gemengenzeitung 3/2012, S.15.
- ↑ Vun 1935 bis 2017: Bäertrëffer Gemengenzeitung 2/2017, S.18-19.
