Op den Inhalt sprangen

Geiselnam zu Waasserbëlleg

Vu Wikipedia

Bei der Geiselnam zu Waasserbëlleg handelt et sech ëm eng Geiselnam, bei där tëscht dem 31. Mee an dem 1. Juni 2000 e Mann 28 Stonne laang Kanner an hir Educatricen an der Crèche Spatzennascht zu Waasserbëlleg festgehalen hat.

Se gouf op en Enn bruecht, wéi Poliziste vun enger däitscher Spezialunitéit, déi als Kameramänner verkleet waren, mam Pretext, en Interview wëllen ze maachen, de Mann uschéissen an ausser Gefecht setze konnten, an d'Geiselen doropshi fräi koumen.

Den Täter, e lëtzebuergesche Familljepapp mat tuneeseschen Originnen, gouf méi spéit zu 22 Joer Prisong verurteelt, dovu 4 mat Sursis. 2016 ass en op fräie Fouss komm.

  • 31. Mee, 15h30: den Täter, dee mat enger Pistoul, enger Handgranat an engem Bidong Bensinn arméiert ass, kënnt an d'Crèche Spatzennascht an hëlt do 43 Kanner tëschent 2 an 10 Joer a 5 Educatricen a seng Gewalt;
  • 18h30: e léisst 8 Kanner an eng Erzéierin fräi. déi aner Geisele kréien z'Iessen a gi medezinesch versuergt;
  • an der Nuecht: de Geiselneemer stellt en Ultimatum: Hie wëll um 8h00 mueres e Minibus, dee s'all op de Fluchhafe brénge soll, fir vun do a Libyen ze fléien;
  • an der Nuecht: de Geiselneemer gëtt RTL en Interview, dat awer net gesent gëtt, ma der Police e bessert Bild iwwer seng Motivatioun a säi Gemittszoustand erméiglecht;
  • 1. Juni, 9h35: zwee kleng Kanner gi fräi gelooss;
  • 12h55: zwee weider kleng Kanner gi fräigelooss;
  • fréien Nomëtten: e Fluchtauto an e Fliger si prett;
  • 16h00: de Geiselneemer refuséiert de Fluchtauto;
  • 19h16: de Geiselneemer kënnt eraus, mat engem Kand um Aarm, fir en Televisiounsinterview ze ginn. D'Spezialunitéit, déi aus aus Däitschland erbäigezu gi war, an déi als Kameraleit verkleet war, kënnen den Täter ausser Gefecht setzen. D'Police stiermt d'Gebai a befreit d'Kanner.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Claude Wolff, Christian Reuter: "Geiseldrama in Waasserbillig: Horror in de in der Tagesstätte." revue Nr.23, 07.06.2000, S.14-17. [Digitised by the National Library of Luxembourg].