Op den Inhalt sprangen

Foussball-Europameeschterschaft 2012

Vu Wikipedia

Déi 14. UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2012 gouf vum 8. Juni bis den 1. Juli 2012 a Polen an an der Ukrain gespillt. Et si 16 Nationalekippe géinteneen ugetrueden, fir d'éischt a Gruppen- an duerno an Ausscheedungsspiller, am Ganzen an 31 Matcher.

Gewonnen huet an der Finall déi spuenesch Nationalekipp, déi déi italieenesch mat 4:0 geklappt huet.

Foussballstied vun der EM 2012

Schidsriichter

[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. Dezember 2011 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2012 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichterekippe vun am Ganzen 12 Arbitter, 24 Assistenten, 12 Ersatzassistenten a 24 Golarbitter. Dobäi kommen nach 8 Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter respektiv Assistent deejéinegen ersetzen.

Déi zwielef Arbittere leeden 31 Spiller. Et sinn:

Cüneyt Çakır Tierkei Jonas Eriksson Schweden Viktor Kassai Ungarn
Björn Kuipers Holland Stéphane Lannoy Frankräich Pedro Proença Portugal
Nicola Rizzoli Italien Damir Skomina Slowenien Wolfgang Stark Däitschland
Craig A. Thomson Schottland Carlos Velasco Carballo Spuenien Howard Webb England

Qualifikatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Ukrain a Polen, déi als Gaaschtlänner automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.

Déi 51 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu sechs an an dräi Gruppe vu fënnef agedeelt. An deenen eenzele Gruppen, an deenen all Ekippen eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, hu sech no 248 Spiller déi Gruppenéischt an dee beschte Gruppenzweeten direkt fir d'Europameeschterschaft 2012 qualifizéiert, déi 8 aner Gruppenzweeten hu sech a Barragematcher mat Hin- a Réckspill ëm déi verbliwwe 4 Plaze streide missen.

Auslousung vun der Endronn

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gruppe goufen den 2. Dezember 2011 zu Kiew ausgeloust. Déi qualifizéiert Ekippe goufen a véier Dëppen agedeelt:

  • 1: Polen, Ukrain (allebéid Organisatoren), Spuenien, Holland
  • 2: Däitschland, Italien, England, Russland
  • 3: Kroatien, Griicheland, Portugal, Schweden
  • 4: Dänemark, Frankräich, Tschechien, Irland

Aus dësem Tirage sinn dës Gruppen entstanen:

Grupp A Grupp B Grupp C Grupp D
Polen Griicheland Russland Tschechesch Republik
Holland Dänemark Däitschland Portugal
Spuenien Italien Republik Irland Kroatien
Ukrain Schweden Frankräich England
Plaz Land Goler Punkten
1 Tschechien 4:5 6
2 Griicheland 3:3 4
3 Russland 5:3 4
4 Polen 2:3 2
Freiden, 8. Juni 2012, 18:00, zu Warschau
PolenGriicheland1:1 (1:0)
Freiden, 8. Juni 2012, 20:45, zu Wrocław
RusslandTschechien4:1 (2:0)
Dënschden, 12. Juni 2012, 18:00, zu Wrocław
GriichelandTschechien1:2 (0:2)
Dënschden, 12. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
PolenRussland1:1 (0:1)
Samschden, 16. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
GriichelandRussland1:0 (1:0)
Samschden, 16. Juni 2012, 20:45, zu Wrocław
TschechienPolen1:0 (0:0)
Plaz Land Goler Punkten
1 Däitschland 5:2 9
2 Portugal 5:4 6
3 Dänemark 4:5 3
4 Holland 2:5 0
Samschden, 9. Juni 2012, 18:00, zu Charkow
HollandDänemark0:1 (0:1)
Samschden, 9. Juni 2012, 20:45, zu Lwiw
DäitschlandPortugal1:0 (0:0)
Mëttwoch, 13. Juni 2012, 18:00, zu Lwiw
DänemarkPortugal2:3 (1:2)
Mëttwoch, 13. Juni 2012, 20:45, zu Charkow
HollandDäitschland1:2 (0:2)
Sonnden, 17. Juni 2012, 20:45, zu Charkow
PortugalHolland2:1 (1:1)
Sonnden, 17. Juni 2012, 20:45, zu Lwiw
DänemarkDäitschland1:2 (1:1)
Plaz Land Goler Punkten
1 Spuenien 6:1 7
2 Italien 4:2 5
3 Kroatien 4:3 4
4 Irland 1:9 0
Sonnden, 10. Juni 2012, 18:00, zu Gdańsk
SpuenienItalien1:1 (0:0)
Sonnden, 10. Juni 2012, 20:45, zu Poznań
IrlandKroatien1:3 (1:2)
Donneschden, 14. Juni 2012, 18:00, zu Poznań
ItalienKroatien1:1 (1:0)
Donneschden, 14. Juni 2012, 20:45, zu Gdańsk
SpuenienIrland4:0 (1:0)
Méinden, 18. Juni 2012, 20:45, zu Gdańsk
KroatienSpuenien0:1 (0:0)
Méinden, 18. Juni 2012, 20:45, zu Poznań
ItalienIrland2:0 (1:0)
Plaz Land Goler Punkten
1 England 5:3 7
2 Frankräich 3:3 4
3 Ukrain 2:4 3
4 Schweden 5:5 3
Méinden, 11. Juni 2012, 18:00, zu Donezk
FrankräichEngland1:1 (1:1)
Méinden, 11. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
UkrainSchweden2:1 (0:0)
Freiden, 15. Juni 2012, 18:00, zu Donezk
UkrainFrankräich0:2 (0:0)
Freiden, 15. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
SchwedenEngland2:3 (0:1)
Dënschden, 19. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
SchwedenFrankräich2:0 (0:0)
Dënschden, 19. Juni 2012, 20:45, zu Donezk
EnglandUkrain1:0 (0:0)

Véirelsfinall

[änneren | Quelltext änneren]
Donneschden, 21. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
1TschechienPortugal0:1 (0:0)
Freiden, 22. Juni 2012, 20:45, zu Gdańsk
2DäitschlandGriicheland4:2 (1:0)
Samschden, 23. Juni 2012, 20:45, zu Donezk
3SpuenienFrankräich2:0 (1:0)
Sonnden, 24. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
4EnglandItalien0:0 n.V., 2:4 a.E.
Mëttwoch, 27. Juni 2012, 20:45, zu Donezk
1PortugalSpuenien0:0 n.V., 2:4 a.E.
Donneschden, 28. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
2DäitschlandItalien1:2 (0:2)
Sonnden, 1. Juli 2012, 20:45, zu Kiew
SpuenienItalien4:0 (2:0)
 Commons: Foussball-Europameeschterschaft 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien