Op den Inhalt sprangen

Flunitrazepam

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Verpackung vum Medikament Rohypnol, engem vun de Markennimm, ënnert deene Flunitrazepam bekannt ass.

Flunitrazepam ass e Benzodiazepin, dat als Medikament zur Behandlung vu schlëmmer Insomnie an zu Ënnerstëtzung vun der Anästhesie gebraucht gëtt.

Et gouf 1960 vum Leo Sternbach entdeckt an 1972 fir d'éischt bei Hoffmann–La Roche synthetiséiert an op de Maart bruecht. Flunitrazepam ass wäitleefeg Famill mam Diazepam, dat ënnert der Handelsmark Valium bekannt ass.

Flunitrazepam ass ënnert den Handelsnimm Rohypnol, Somnubene, Somnibel ze fannen. Et ass och ënnert dem Spëtznumm Roofie bekannt a gëtt dacks als sougenannt K.-o.-Drëpse mëssbraucht, fir eng aner Persoun handlungsonfäeg ze maachen. Déi Persoun ass doduerch ufälleg fir sexuell Iwwergrëffer, dorënner Vergewaltegung.[1]

 Commons: Flunitrazepam – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Henrik Druid, Per Holmgren, Johan Ahlner, Flunitrazepam: an evaluation of use, abuse and toxicity, Forensic Science International, Volume 122, Ausgab 2–3, 2001, Säit 136-141, ISSN 0379-0738, https://doi.org/10.1016/S0379-0738(01)00481-9