Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2008

Vu Wikipedia
53. Eurovision Song Contest
Motto Confluence of Sound
Datum 20., 22. a 24. Mee 2008
Stad Belgrad (Serbien)
Gebai Belgrad-Arena
Gewënner Dima Bilan (Russland)
Zuel vu Länner 43
Nei Participatiounen Aserbaidjan, San Marino
Moderatioun Jovana Janković a Željko Joksimović
Interval Act Finall: Goran Bregović
Ofstëmmungsreegel All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn..
Belgrad Arena
De spéidere Gewënner 2008 Dima Bilan, bei der éischter Halleffinall

Den 53. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 20. an 22. Mee a seng Finall de 24. Mee 2008 an der Belgrad-Arena an der serbescher Haaptstad Belgrad. Presentateure waren d'Jovana Janković an de Željko Joksimović.

Aserbaidjan a San Marino sinn nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 14 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, d'Slowakei, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 43 Länner matgemaach wat e neie Rekord duergestallt huet.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Roberto Meloni (Deel vu Pirates of the Sea) fir Lettland 2007 (Deel vu Bonaparti.lv), den Dima Bilan fir Russland 2006 an d'Charlotte Perrelli fir Schweden 1999 (Gewënner).

Dëst Joer si fir d'éischt zwou Halleffinallen agefouert ginn, wou alleguer d'Länner hu misse matmaache fir sech fir d'Finall ze qualifizéiere mat Ausnam vun de Grousse Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien) an dem Land dat d'Organisatioun vum Grand Prix iwwerholl huet, an dësem Joer also Serbien.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt ginn fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Belgrad matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Russland, den Dima Bilan mam Lidd Believe mat 42 Punkte Virsprong virum Ani Lorak (Ukrain). Déi drëtt Plaz krut d'Kalomoira, déi fir Griicheland ugetruede war.

Fir Russland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

An dësem Joer ass d'Eurovisioun fir d'éischt live am Internet (op eurovision.tv) iwwerdroe ginn (gestreamt).

De Gewënner Dima Bilan krut, wéi schonn dat Joer virdrun agefouert, eng sougenannt Gewënner-Tour, mat follgenden Etappen: 28. Mee Finnland, 29. Mee Schweden an Norwegen, 30. Mee Irland, 31. Mee Groussbritannien an Däitschland, 1. Juni Belsch, 2. Juni Frankräich, 3. Juni San Marino.

De kroateschen Interpret 75 Cents war mat 75 Joer dee bis ewell eelsten Interpret bei engem Eurovision Song Contest. Hien huet säi Kënschtlernumm gewielt mat Uspillung op säin Alter an op den US-amerikanesche Rapper 50 Cent.

Halleffinallen

[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war den 20. Mee 2008.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Däitschland a Spuenien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
1MontenegroStefan FilipovićZauvijek volim te14.23
2IsraelBoaz MaudaThe Fire In Your Eyes5.104
3EstlandKreisiraadioLeto Svet18.8
4MoldawienGeta BurlacuA Century of Love12.36
5San MarinoMiOdioComplice19.5
6BelschIshtarO Julissi17.16
7AserbaidjanElnur a SamirDay after Day6.96
8SlowenienRebeka DremeljVrag naj vzame11.36
9NorwegenMaria Haukaas StorengHold on be Strong4.106
10PolenIsis GeeFor Life10.42
11IrlandDustin the TurkeyIrelande Douze Pointe15.22
12AndorraGiselaCasanova16.22
13Bosnien an HerzegowinaElvir Laković LakaPokušaj9.72
14ArmenienSiruschoQele Qele2.139
15HollandHindYour Heart Belongs to Me13.27
16FinnlandTeräsbetoniMissä miehet ratsastaa8.79
17RumänienNico & VladPe-o Margine de Lume7.94
18RusslandDima BilanBelieve3.135
19GriichelandKalomoiraSecret Combination1.156

2. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war den 22. Mee 2008.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Groussbritannien a Serbien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
1IslandEurobandThis is My Life (Fullkomið líf)8.68
2SchwedenCharlotte PerrelliHero10.54
3TierkeiMor ve ÖtesiDeli7.85
4UkrainAni LorakShady Lady1.152
5LitauenJeronimas MiliusNomads in the Night16.30
6AlbanienOlta BokaZemrën e lamë peng9.67
7SchwäizPaolo MeneguzziEra stupendo13.47
8TschechienTereza KerndlováHave some Fun18.9
9WäissrusslandRuslan AljachnoHasta la Vista17.27
10LettlandPirates of the SeaWolves of the Sea6.86
11KroatienKraljevi Ulice & 75 CentsRomanca4.112
12BulgarienDeep Zone & BalthazarDJ, Take Me Away12.56
13DänemarkSimon MathewAll Night Long3.112
14GeorgienDiana GurzkajaPeace Will Come5.107
15UngarnCsézyCandlelight19.6
16MaltaMorenaVodka14.38
17ZypernEvdokia KadiFemme fatale15.36
18MazedonienTamara, Vrčak & AdrianLet Me Love You11.64
19PortugalVânia FernandesSenhora do Mar (Negras Aguas)2.120

Déi zéngte Qualifikatiounsplaz gouf mam Resultat vun der Fachjury ofgeglach. Wann där hire Favorit net ënner deenen éischten néng Plaze vun der Tele-Ofstëmmung war, da gouf de Choix vun der Jury op déi 10. Plaz gesat, egal wat d'Resultat fir datt Lidd bei der Tele-Ofstëmmung war. An der éischter Halleffinall hat dat keng Influenz op d'Ranglëscht, mä an der zweeter Halleffinall ass doduerch dee schweedesche Bäitrag trotz enger zwiélefter Plaz bei dem Televoting duerch d'Jury op déi 10. Plaz gesat ginn, an d'Republik Mazedonien ass sou ausgescheet.

D'Finall war de 24. Mee 2008.

Déi 25 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 4" (Big-4) Frankräich, Däitschland, Spuenien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Serbien
  • Déi bescht 9 Länner aus der éischter Halleffinall plus 1 Land mat enger Wildcard duerch d'Jury
  • Déi bescht 9 Länner aus der zweeter Halleffinall plus 1 Land mat enger Wildcard duerch d'Jury

Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.

Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 43 Länner déi matgemaach haten.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.24RusslandDima BilanBelieve272
2.18UkrainAni LorakShady Lady230
3.21GriichelandKalomoiraSecret Combination218
4.5ArmenienSiruschoQele, qele199
5.25NorwegenMariaHold On Be Strong182
6.23SerbienJelena Tomašević feat. Bora DugićOro160
7.12TierkeiMor ve ÖtesiDeli138
8.20AserbaidjanElnur & SamirDay After Day132
9.7IsraelBoazThe Fire in Your Eyes124
10.6Bosnien an HerzegowinaLakaPokušaj110
11.17GeorgienDiana GurzkajaPeace Will Come83
12.14LettlandPirates of the SeaWolves of the Sea83
13.13PortugalVânia FernandesSenhora do mar (Negras águas)69
14.11IslandEurobandThis Is My Life64
15.16DänemarkSimon MathewAll Night Long60
16.22SpuenienRodolfo ChikilicuatreBaila el Chiki Chiki55
17.3AlbanienOlta BokaZemrën e lamë peng55
18.15SchwedenCharlotte PerrelliHero47
19.19FrankräichSébastien TellierDivine47
20.1RumänienNico & VladPe-o margine de lume45
21.9KroatienKraljevi Ulice & 75 CentsRomanca44
22.8FinnlandTeräsbetoniMissä miehet ratsastaa35
23.4DäitschlandNo AngelsDisappear14
24.10PolenIsis GeeFor Life14
25.2GroussbritannienAndy AbrahamEven If14
 Commons: Eurovision Song Contest 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Helsinki (Finnland) Moskau (Russland)
ESC 2007 Eurovision Song Contest ESC 2009