Op den Inhalt sprangen

Douro

Vu Wikipedia
Douro
Den Douro an der Gemeng Vila Nova de Foz Côa
Längt 897 km
Debit 675 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Dourobaseng
Fläch vum Anzuchsgebitt 97.290 km²
Leeft an Atlanteschen Ozean
Haaptnieweflëss Távora, Corgo, Tua, Arda, Bestança, Ribeiro de Carcavelos, Cabrum, Febros, Frio, Sousa, Teixeira, Torto, Uíma, Varosa, Pinhão, Paiva, Sabor
Baseng vum Douro
Am ieweschte Laf bei Salduero

Den Douro [ˈdoɾu] (op Spuenesch Duero ['dweɾo]) ass, mat ronn 897 Kilometer, deen drëttlängste Floss op der ibeerescher Hallefinsel. En huet seng Quell an de Picos de Urbión, an der spuenescher Provënz Soria, leeft duerch Nordspuenien an Nordportugal an da bei Porto an den Atlanteschen Ozean.

Aner Stied op sengem Wee sinn, a Spuenien, Soria, Almazán, Aranda de Duero, Tordesillas a Zamora, all an der Provënz Kastilien-León. Op enger Längt vun 112 km mécht en dann d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal, do si seng Uwänner Deel vun den Naturparken Arribes del Duero an Douro Internacional. Vun do u leeft en 213 km duerch Portugal, wou en d'Stied Miranda do Douro, Pinhão (Alijó) a Peso da Régua passéiert, an och d'Wäibaugebitt Alto Douro, wou d'Drauwe vum Porto ugebaut ginn. Bei der Stad Porto (am Norden) a Vila Nova de Gaia (am Süden) leeft en an den Atlantik.

Déi wichtegst riets Nieweflëss sinn a Spuenien den Esla, de Valderaduey an de Pisuerga, an a Portugal den Tâmega, deen aus Galicien kënnt, den Tua an de Corgo. Vu lénks kommen den Águeda, de Yeltes an den Tormes.

An der Antiquitéit housch den Douro Durius; Numantia war déi bedeitendst Stad u sengen Uwänner.

An der fréier Phas vun der Reconquista, bis ongeféier zur Opléisung vum Kalifat vu Córdoba (1031), huet den Douro d'Grenzgebitt tëscht dem chrëschtlechen Norde vu Spuenien (Kinnekräich Asturien/Kinnekräich León) an al-Andalus am Süde gemaach. Bis haut sinn nach e puer mauresch Wuechttierm (atalaya genannt) erhalen.

Den Douro gëtt haut eng 15-mol gestaut, fir mam Waasser Stroumkraaftwierker ze bedreiwen.

thumbDen Douro vun der Quell bis bei d'Mëdung
thumbDen Douro vun der Quell bis bei d'Mëdung
 Commons: Douro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]