Op den Inhalt sprangen

Dagestan

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Republik Dagestan
Республика Дагестан
Federatiounskrees: Nordkaukasus
Haaptstad: Machatschkala
Fläch: 50.270 km²
Awunner: 2.910.249 (14. Okt. 2010)
Bevëlkerungsdicht: 58 Aw./km²
Offiziell Sproochen: Russesch, Aghulesch, Awaresch, Aserbaidjanesch, Darginesch, Kumykesch, Lakesch, Lesgesch, Nogaesch, Rutulesch, Tabassaranesch, Tatesch, Tsachuresch, Tschetschenesch
Grënnung: 20. Januar 1921
Zäitzon: UTC+4
President: Magomedsalam Magomedow

D'Republik Dagestan (Russesch Республика Дагестан / Respublika Dagestan) ass eng russesch Republik am Nordkaukasus. Si ass 1991 aus der Dagestanescher ASSR ervirgaangen. Den Numm bedeit "Biergland" an den Turksproochen.

Den Dagestan besteet am Norden aus flaacher Stepp an am Süden aus héije Bierger, déi d'Grenz mam Aserbaidjan a Georgie bilden. Hei läit och dee südlechste Punkt vun der Russescher Federatioun. Am Osten ass eng laang Küst um Kaspesche Mier. Nopeschfederatiounssujete sinn am Westen Tschetschenien an am Norde Kalmückien an d'Regioun Stawropol. Déi wichtegst Flëss sinn den Terek, de Sulak an de Samur.

Kaart vun de Vëlker a Sproochen am Kaukasus

Am Dagestan liewe méi wéi 30 Vëlker op enkem Raum zesummen. Et ass déi am heterogenst russesch Republik, wat virun allem dorop zeréckzeféieren ass datt d'Bierglandschaft Reesen a Kommunikatioun erschwéiert, a kulturell ëmmer nach d'Clanwiese primordial ass. Déi nëmmen 100.000 Russe si just nach eng kleng Minoritéit an der ronn 3 Milliounen Awunner Republik (Stand 2010). Trotzdeem ass Russesch ëmmer nach d'Amtssprooch, déi och als Verkéierssprooch tëscht den Ethnien déngt. De Groussdeel vun der Bevëlkerung ass vun islameschem Glawen (haaptsächlech sunittesch). Anescht wéi an aneren Deeler vun der Russescher Federatioun wiisst d'Populatioun am Dagestan rapid.

Zensus 1926 Zensus 1939 Zensus 1959 Zensus 1970 Zensus 1979 Zensus 1989 Zensus 2002 Zensus 20101
Awaren 177.189 (22,5 %) 230.488 (24,8 %) 239.373 (22,5 %) 349.304 (24,5 %) 418.634 (25,7 %) 496.077 (27,5 %) 758.438 (29,4 %) 850.011 (29,2 %)
Darginer 125.707 (16,0 %) 150.421 (16,2 %) 148.194 (13,9 %) 207.776 (14,5 %) 246.854 (15,2 %) 280.431 (15,6 %) 425.526 (16,5 %) 490.384 (16,9 %)
Kumyken 87.960 (11,2 %) 100.053 (10,8 %) 120.859 (11,4 %) 169.019 (11,8 %) 202.297 (12,4 %) 231.805 (12,9 %) 365.804 (14,2 %) 431.736 (14,8 %)
Lesgier 90.509 (11,5 %) 96.723 (10,4 %) 108.615 (10,2 %) 162.721 (11,4 %) 188.804 (11,6 %) 204.370 (11,3 %) 336.698 (13,1 %) 385.240 (13,2 %)
Laken 39.878 (5,1 %) 51.671 (5,6 %) 53.451 (5,0 %) 72.240 (5,1 %) 83.457 (5,1 %) 91.682 (5,1 %) 139.732 (5,4 %) 161.276 (5,5 %)
Aserbaidjaner 23.428 (3,0 %) 31.141 (3,3 %) 38.224 (3,6 %) 54.403 (3,8 %) 64.514 (4,0 %) 75.463 (4,2 %) 111.656 (4,3 %) 130.919 (4,5 %)
Tabassaranen 31.915 (4,0 %) 33.432 (3,6 %) 33.548 (3,2 %) 53.253 (3,7 %) 71.722 (4,4 %) 78.196 (4,3 %) 110.152 (4,3 %) 118.848 (4,1 %)
Russen 98.197 (12,5 %) 132.952 (14,3 %) 213.754 (20,1 %) 209.570 (14,7 %) 189.474 (11,6 %) 165.940 (9,2 %) 120.875 (4,7 %) 104.020 (3,6 %)
Tschetschenen 21.851 (2,8 %) 26.419 (2,8 %) 12.798 (1,2 %) 39.965 (2,8 %) 49.227 (3,0 %) 57.877 (3,2 %) 87.867 (3,4 %) 93.658 (3,2 %)
Nogaier 26.086 (3,3 %) 4.677 (0,5 %) 14.939 (1,4 %) 21.750 (1,5 %) 24.977 (1,5 %) 28.294 (1,6 %) 38.168 (1,5 %) 40.407 (1,4 %)
Agulier 7.653 (1,0 %) onbekannt 6.378 (0,6 %) 8.644 (0,6 %) 11.459 (0,7 %) 13.791 (0,8 %) 23.314 (0,9 %) 28.054 (1,0 %)
Rutulen 10.333 (1,3 %) 20.408 (2,2 %) 6.566 (0,6 %) 11.799 (0,8 %) 14.288 (0,9 %) 14.955 (0,8 %) 24.298 (0,9 %) 27.849 (1,0 %)
Zachuren 3.531 (0,4 %) onbekannt 4.278 (0,4 %) 4.309 (0,3 %) 4.560 (0,3 %) 5.194 (0,3 %) 8.168 (0,3 %) 9.771 (0,3 %)
Anerer 43.861 (5,6 %) 52.031 (5,6 %) 61.495 (5,8 %) 63.787 (4,5 %) 57.892 (3,6 %) 58.113 (3,2 %) 25.835 (1,0 %) 39.292 (1,4 %)2
Total 788.098 (100 %) 930.416 (100 %) 1.062.472 (100 %) 1.428.540 (100 %) 1.628.159 (100 %) 1.802.188 (100 %) 2.576.531 (100 %) 2.910.249 (100 %)
1 18.430 Persoune konnte kenger Volleksgrupp zougedeelt ginn, si verdeele sech awer wuel undeelsméisseg d'selwecht wéi déi aner Awunner.[1]
2 dorënner 4.997 Armeenier a 455 Taten

Et ass eng vun den äermste Republicke vun der Russescher Federatioun, obwuel se sech an den 2000er Jore relativ erkritt huet, an elo an der Moyenne op e pro-Kapp-Akommes vun engen ëmgerechent 3200$ pro Joer kënnt (Stand 2010). Et muss een dozou soen, datt et eng ganz kleng Minoritéit vu ganz Räiche gëtt, eng komplett ënnerproportional vertrueden a limitéiert Mëttelklass (4000$ pro Kapp a Joer, Stand 2012), a carrément 56 % vun der Bevëlkerung déi ënner der Aarmutsgrenz liewen.

BIP pro Kapp a Joer
JoerRUBUSD
201098.0263.227
200997.7593.086
200880.4663.235
200759.0262.310
200647.0101.732
200534.4961.218
200431.0201.077
200216.470594
199910.872441
Déi gréisst Stied vum Dagestan (englesch Transkriptioun)

Am russesche Verglach gëtt et am Dagestan e relativ klengen Undeel vun der Bevëlkerung deen a Stied lieft (43 %). Déi gréisst Stied sinn:

Nunn Russesch Awunner
(14. Oktober 2010)
MachatschkalaМахачкала572.076
ChassawjurtХасавюрт131.187
DerbentДербент119.200
KaspijskКаспийск100.129
BuinakskБуйнакск62.623
IsberbaschИзбербаш55.646
KisljarКизляр48.984
KisiljurtКизилюрт32.988
 Commons: Dagestan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Bevëlkerung vun de russesche Gebittseenheeten no Nationalitéit 2010 (ru)