Op den Inhalt sprangen

Bottnesche Golf

Vu Wikipedia
Bottnesche Golf
Land Finnland,
Schweden
Koordinaten 63°N, 20°O
Zoufloss Gideälven

De Bottnesche Golf (fi: Pohjanlahti, sv: Bottniska viken; op de: Bottnischer Meerbusen), ass den nërdlechen Aarm vum Baltesche Mier, un dee Finnland (am Osten) a Schweden (am Westen) grenzen.

E besteet aus zwéi Basengen, déi vun der Mierengt Kvarken getrennt ginn: d'Bottnescht Mier am Süden an d'Bottnesch Bucht am Norden. De Salzgehalt hëlt vu Süden no Norden hin of. Am Bottnesche Mier läit e bei bei ca. 3 g/Liter, sou datt et sech ëm Brackwaasser handelt. D'Waasser vun der Bottnescher Bucht ass praktesch Séisswasser, sou datt een do Séisswaasserfësch wéi den Hiecht an de Barsch fënnt.

De Bottnesch Golf huet eng Fläch vun 117.000 km². En ass vun Norden no Süde ronn 725 km laang, an déi gréisste Breet ass 240 km. Op der enkster Plaz am Kvarken sinn dat schweedescht an dat finnescht Festland eng 80 km vuneneen ewech. Ongeféier en Drëttel vum Waasser vum Baltesche Mier, ronn 7.000 km³, sinn an deem Golf.

En ass an der Moyenne 60 m déif, mat 301 m op der déifster Plaz am Ålandmier (no der Landsortdéift déi zweetdéifst Plaz am Baltesche Mier).

De Bottnesche Golf ass eng Rëtsch Méint am Joer zougefruer, sou datt e fir de Schëffsverkéier zwangsleefeg eng manner wichteg Roll spillt. Et gëtt awer Hafestied do, wéi z. B. Luleå an Oulu.

Gréisser Insele sinn Hailuoto, Stora Fjäderägg, Öja, Norrbyskären, Replot, Trysunda, Örskär a Gräsö. Zu den Zouflëss zielen Torne älv, Kemijoki, Lule älv an Ume älv.

 Commons: Bottnesche Golf – Biller, Videoen oder Audiodateien