Op den Inhalt sprangen

Amazonas

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Amazonas
Längt 6.400 km
Debit 209.000 m³/s, 168.700 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 7.050.000 km²
Leeft an Atlanteschen Ozean
Haaptnieweflëss Río Nanay, Juruá

Den Amazonas (port. "Rio Amazonas") ass e Floss a Südamerika. Wat seng Längt betrëfft (an domat och seng Rangfolleg als längsten oder zweetlängste Floss am Verglach mam Nil) gëtt et widderspréchlech Berechnungen. Zur Zäit geet ee vun enger Totallängt vu 6.400 km aus, wann een awer d'Quellflëss derbäirechent, da kënnt ee souguer op 7.250 km.

En evakuéiert dat meescht Waasser, méi Waasser wéi den Nil, de Mississippi an de Yangtse zesummen, am Ganzen ee Sechstel vun alle Flëss weltwäit. An den Amazonas mënden ongeféier 10.000 Flëss. De Floss ass a Brasilie meeschtens e puer Kilometer breet, mä d'Breet changéiert ofhängeg vun de Nidderschléi an den ieweschte Leef. An Zäite vu staarken Nidderschléi kann den Amazonas d'Bëscher un den Uwänner bis zu 100 km iwwerschwemmen.

 Commons: Amazonas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]